top of page

Ouni Pestiziden
Iwwert eis
Säit 2009 setzt sech d'Campagne "Ouni Pestiziden" dofir an, dass keng Pestizide méi am staatlechen a kommunale Raum, sou wéi vu privat Stéit an an der Landwirtschaft benotzt ginn. De Gros vun eiser Aarbecht besteet doran, ëffentlech Autoritéiten a politesch Responsabel, Planifikatiounsbüroen, Gäertner- a Paysagistebetriber, BiergerInnen an aner Acteuren, déi direkt oder indirekt mat Pestiziden ze dinn hunn, ze sensibiliséieren an hinnen eng professionell Ënnerstëtzung unzebidden. D'Campagne setzt sech fir eng besser Liewensqualitéit a fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an. Zu de Partner an Ënnerstëtzer vun der Campagne zielen esouwuel Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen, wéi och privatwirtschaftlech Betriber, ëffentlech Administratiounen, Ministèren an Naturparken.
bottom of page

.jpg)





























