top of page

Stauden ouni Pestiziden

Säit e puer Joer schafft d'Campagne um Projet "Stauden - Ouni Pestiziden". D'Ziel ass et eng national Produktioun vun Zierstauden unzestoussen. Hei ass et eis wichteg Planzenaarten ze produzéieren déi eis eenheemesch Déieren ënnerstëtzen, net invasiv sinn, ouni Pestiziden ugeplanzt goufen an natierlech ee richtegen Hingucker an all Gaart sinn! 

Wat sinn Zierstauden?

Zierstauden si méijäreg Planzen déi wéinst hirem Ausgesinn als Verschéinerung vum Gaart, Balkonen oder Bannen genotzt ginn. De Begrëff Zierstaude kann esouwuel fir heemesch wéi och fir net heemesch Planzenaarte benotzt ginn. Fir d'Produktioun vu "Stauden - Ouni Pestiziden" beschränke mir eis gréisstendeels op Planzen déi zu Lëtzebuerg net natierlech virkommen. Hei handelt et sech haaptsächlech ëmm Europäesch Aarten. 

Wiesou Zierstauden aus Lëtzebuerg?

Stauden sinn eng beléifte Planzegrupp déi gären am eegene Gaart oder fir Beeter vu Gemenge genotzt ginn. D'Nofro ass héich a klëmmt ëmmer weider. Momentan gëtt et leider ganz wéineg Produzente vun Zierstauden zu Lëtzebuerg. D'Konsequenz ass, dat d'Planzen am Ausland kaf ginn an eventuell laang Transportweeër matsechzéien. Ausserdeem ass et net ëmmer sécher, dat d'Planzen ouni Planzeschutzmëttel ugeplanzt ginn. 

Gäertnereien déi matmaachen:

An dëser éischter Phase vum Projet gëtt eng limitéiert Unzuel u Stauden vun 2 Gäertnereie produzéiert, déi am Fréijoer 2026 fir Schaubeeter genotzt ginn. Ab 2027 ginn d'Stauden dann och fir de freie Verkaf bei eise Produzenten ugebueden. Gemenge kënnen ab September 2026 Staude bestellen. 

ATELIER HONDSBURREN

21, rue du Dix Septembre, L-9560 Wiltz

OP DER SCHOCK asbl et sc   34a, Route de ReichlangeL-8508 Redange

Planzenaarten:
Campanula portenschlagiana 2.jpg

Glockenblume

Campanula portenschlagiana

VI-IX

10-15 cm

Sonneg

Lehmeg,

fiicht

Zitt Beien, Bommelen a Päiperleken un. Braucht e gutt drainéierten Buedem an vill Sonn bis Deel-Schiet; toleréiert dréche Konditiounen gutt.

Sedum reflexum 1.jpg

Felsen-Fetthenne

Sedum reflexum

VI-VIII

15-25 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Zitt Beien, Schwiefmécken a Päiperleken un. Brauch vill Sonn, dréchen, gutt drainéierten Buedem a ganz wéineg Dünger; extrem pflegeleicht.

Veronica prostrata 2.jpg

Ehrenpreis

Veronica officinalis

VI-IX

15-20 cm

Sonneg

Lehmeg,

sandeg

Zitt Wëllbeien, Bommelen a Schwiefmécken un. Virléift fir sonnëg bis hallef schiedeg Plazen an dréche bis fiicht Biedem; wiisst och op moer Biedem.

Salvia sclarea 1.jpg

Muskateller-Salbei

Salvia sclarea

VI-VIII

80-120 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Beléift bei Bommelen, Beien a Matten. Zitt sonneg, waarm Standuerter a gutt drainéierten, nährstoffräichen Buedem fir; zweejäreg Planz, dacks Selbstaussaat.

Lychnis coronaria 2.jpg

Kronen-Lichtnelke

Lychnis coronaria

VII-VIII

80 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Zitt Päiperleken, Beien a Bommelen un. Braucht vill Sonn an e gutt drainéierten, zimlech more Buedem; toleréiert Dréchent, mee keng Staunässe.

Scabiosa ochroleuca 2.jpg

Gelbe Skabiose

Scabiosa ochroleuca

VI-X

60-80 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Zitt Schwiefmécken, Beien a Wëllbeien un. Zitt sonnëg Plazen a gutt drainéierten, nährstoffarme Buedem fir; eng Staude, déi einfach ze pflegen ass.

Epilobium dodonai 2.jpg

Schmalblättriges Weidenröschen

Epilobium angustifolium

VII-VIII

20-60 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Beléift bei Beien, Bommelen a Päiperleken. Wiisst an sonnege bis hallef schiedegen Gebidder, och op arme Biedem; breet sech duerch Wuerzelausleefer aus.

Thymus citriodorus 2.jpg

Zitrounen-Thymian

Thymus citriodorus

VI-VIII

10-15 cm

Sonneg

Sandeg,

lehmeg

Zitt Beien, Wëllbeien a Päiperleken un. Braucht vill Sonn an een dréchenen, gutt drainéierten Buedem; toleréiert Dréchent a reagéiert gutt op d'Schneiden.

Lavandula angustifolia 2.jpg

Lavendel

Lavandula angustifolia

VI-VIII

30-60 cm

Sonneg

Sandeg,

dréchen

Besonnesch attraktiv fir Beien, Bommelen a Päiperleken. Zitt voll Sonn a gutt drainéiert, kalkhalteg Biedem fir; toleréiert dréche Konditiounen, mee keng Staunässe. 

Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar

Koordinator vun der Campagne

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) a.s.b.l

18D, rue de la Cimenterie

L-1337 Luxembourg 

  • Facebook
  • Instagram
  • Youtube
Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar
bottom of page