Ausstellung "Ouni Pestiziden"
Benotzt d'Sensibiliséierungs- an Informatiounsmaterial vun der Campagne „Ouni Pestiziden“

Op verschidde Roll-Ups gëtt unhand vu liichtverständlechen Texter op déi allgemeng Problematik vun de Pestiziden opmierksam gemaach a gläichzäiteg och op Alternativen a konkret Léisungsvirschléi higewisen.
D'Ausstellung besteet aus 14 verschidde Roll-Ups, woubäi den éischten Deel eng Aféierung an d'Welt vun de Pestiziden beinhalt. Den zweeten Deel illustréiert op anschaulech Aart a Weis déi verschidden Techniken a Methoden, wéi een op Gréng- a Verkéiersflächen a ganz allgemeng am ëffentleche Raum och ouni Pestizide schaffe kann.
Béid Deeler kënnen och onofhängeg vuneneen opgestallt ginn, soudass d'Ausstellung vun 7 op 14 Plakater ausgebaut ka ginn.
D'Ausstellung ass gratis a mir stellen Iech och gär nach weidert Informatiounsmaterial zur Verfügung. D'Ausstellung ass och als digital Versioun op Franséisch disponibel.
Zéckt net, eis ze kontaktéieren: info@ebl.lu

Ausstellung fir erofzelueden:
Was sind Pestizide? (pdf)
Landwirtschaft (pdf)
Kommunikation (pdf)
Gefahren (pdf)
Begleitgrün (pdf)
Gewerbeflächen (pdf)
Wer und wo? (pdf)
Wege und Pfade (pdf)
Friedhöfe (pdf)
Privathaushalt (pdf)
Parkanlagen, öffentliche Flächen (pdf)
Parkplätze
5. Öffentliche Bereiche (pdf)
Mauern (pdf)
