
Heemesch Wëllstauden
a Som Mëschunge kafen
Analysen hu gewisen, dass e groussen Deel vun de konventionelle Beet- a Balconsplanzen eng Pestizidbelaaschtung opweist an dofir net gutt fir Pollinisateure gëeegent ass. Duerch dës Erkenntnis féiert d'Campagne järlech Analysen duerch, fir d'Pestizidbelaaschtung ze bestëmmen.
Blummen a Planzen erfëllen net nëmmen ästheetesch Funktiounen, mee bidden och eng wichteg Narungsquell fir Insekten a Klengdéieren. Mat Pestizide behandelt Planze stellen deemno eng perfid Narungsquell fir dës Liewewiesen duer. Fir den Naturraum konsequent viru cheemesche geféierleche Stoffer ze schützen, mussen och Beet- a Balconsplanzen an Zukunft pestizidfräi produzéiert ginn.

D'LUX-Mëschunge vu Wëllplanzesom Lëtzebuerg enthalen nëmmen Aarten, déi natierlech zu Lëtzebuerg virkommen. De biologeschen Ubau vun heemeschem Wëllplanzesom zu Lëtzebuerg gëtt vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit finanzéiert, vu SICONA koordinéiert a vum MNHN begleet. Et stinn e puer Mëschungen zur Wiel
Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?
Fir Fläche vu 25 m2 am Siidlungsberäich kann een kléng Päck vun de véier Mëschungen LUX-Blummewiss, LUX-bléiende Schotterwues, LUX-Bonte Saum & Päiperleksplanzena LUX-Fouemëschung a verschidde Point-de-venten zu Lëtzebuerg kafen (héi geet et zur Kaart vun de Verkafsstellen).
Gäertner "Ouni Pestiziden"
Dës Produzente vu Blummen a Planze produzéieren a verkafen "Ouni Pestiziden".
Méi ënnen op dëser Säit fannt Dir d'Adresse vun de Gäertner.
Frot geziilt no Planzen, déi ouni Pestizide geziicht goufen, well et kënne sech och konventionell Blummen am Buttek befannen.
Héi fannt Dir Wëllstauden fir ze kafen: https://wellplanzen.lu/verkaufsstellen-lux-stauden/
Héi kommt Dir zu den Aarten: https://wellplanzen.lu/artenauswahl/
Virwat Wëllplanzen?
Wëllplanze gesinn net nëmme gutt aus, mee si bidde Bestëbser och eng liewenswichteg Narungsquell. Och stellen si villen Insekten, Vullen an aneren Déieren ee Liewensraum zu Verfügung a fërderen domadder och d'Aartevillfalt. Nieft hirem ökologesche Wäert si Wëllstauden och besonnesch gutt fir Beeter geegend, wëll si robust an ideal un déi lokal Bedéngungen ugepasst sinn. Fir all Standuert – ob sonneg oder Schied, dréchen oder fiicht – gëtt et passend Stauden, déi eis Balcone, Gäert a Gréngfläche beräicheren. Zudeem bléien si vill Jore laang, wëll si méijäreg a wanterhaart sinn.
Aarten an de Some Päck
Blumme



Achillea millefollium
Gewöhnliche Schafgarbe
Agrimonia eupatoria
Kleiner Odermennig
Anthriscus sylvestris
Wiesen-Kerbel
Campanula rapunculus
Rapunzel-Glockenblume



Campanula rotundifolia
Rundblättrige Glockenblume
Centaurea cyanus
Kornblume
Centaurea jacea
Wiesen-Flockenblume
Centaurea scabiosa
Skabiosen-Flockenblume
%20with%20a%20hoverfly%20(Syrphus%20ribessi).jpg)



Cerastium holosteoides
Gewöhnliches Hornkraut
Clinopodium vulgare
Gewöhnlicher Wirbeldost
Crepis biennis
Wiesen-Pippau
Daucus carota
Wilde Möhre



Knautia arvensis
Acker-Witwenblume
Leontodon hispidus
Rauer Löwenzah
Galium album
Weisses Labkraut
Galium verum
Echtes Labkraut



Hypericum perforatum
Echtes Johanniskraut
Hypochaeris radicata
Gewöhnliches Ferkelkraut
Leucanthemum ircutianum
Wiesen-Margerite
Lychnis flos-cuculi
Kuckucks-Lichtnelke




Malva moschata
Moschus-Malva
Oenothera biennis
Zweijährige Nachtkerze
Origanum vulgare
Gewöhnlicher Dost
Papaver rhoeas
Klatschmohn




Pimpinella saxifraga
Kleine Bibernelle
Plantago lanceolata
Spitzwegerich
Plantago media
Mittlerer Wegerich
Prunella vulgaris
Gewöhnliche Braunelle



%20close%20up%20on%20the%20bark%20of%20a%20tree.jpg)
Ranunculus acris
Scharfer Hahenfuss
Rumex acetosa
Wiesen-Sauerampfer
Salvia pratensis
Wiesen-Salbei
Scorzoneroides autumnalis
Herbst-Löwenzahn




Silene dioica
rote Lichtnelke
Silene latifolia subsp. alba
Weisse Lichtnelke
Silene vulgaris
Gewöhnliches Leimkraut
Thymus pulegioides
Gewöhnlicher Thymian



Tragopogon pratensis
Wiesen-Bocksbart
Trifolium pratense
Rotklee
Verbascum nigrum
Schwarze Königskerze
Vicia cracca
Vogelwicke
Grieser



Agrostis capillaris
Rotes Straussgras
Alopecurus pratensis
Wiesen-Fuchsschwanz
Arrhenatherum elatius
Glatthafer



%20in%20flower%20against%20grassland%20background_%20Concepts%20.jpg)
Bromus hordeaceus
Weiche Trespe
Festuca rubra
Horst-Rotschwingel
Poa pratensis
Wiesen-Rispengras
Trisetum flavescens
Goldhafer

