Aktiounen
Hei fannt Dir all d'Aktiounen, Veranstaltungen, Fester an Events, wou mir mat eiser Campagne vertruede waren.
Alljärlech Events
Woch Ouni Pestiziden
All Joers vum 20. bis 30. Mäerz fënnt déi international „Woch ouni Pestizide“ statt. D'Ziel vun dëser Aktiounswoch ass et, op Geforen vu Pestizide opmierksam ze maachen an nohalteg Alternativen opzeweisen. Säit 2015 bedeelegt sech d'Campagne aktiv an dëser Initiative. Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert dësem Link.

Eemoleg Events, Veranstaltungen a Fester
2025
Let's liberate Diversity
04.-06.09.2025 | LTA Diekirch
Vum 04. bis 06. September huet dat internationaalt „Let’s Liberate Diversity!“- Event an der Ackerbauschoul zu Lëtzebuerg statt fonnt. Dat järlecht Forum „Let’s Liberate Diversity!“ riicht sech un breet Ëffentlechkeet, Biergerinnen a Bierger souwéi Fachleit. Ziel ass et, den Austausch tëscht verschidde Länner ze fërderen an d'Bewosstsi fir d'Bedeitung vun der Zortevillfalt ze stäerken.

2024
Transition Days
28.-30.06.2024 | Schluechthaus
Op Invitatioun vu CELL (Citizens for Ecological Learning & Living asbl) huet d’Campagne un den Transition Days 2024 deelgeholl. D’Veranstaltung huet vill Acteure vu verschiddene Beräicher zesummebruecht an Atelieren, Virträg a Podiumsdiskussiounen ugebueden. D’EBL (Ëmweltberodung Lëtzebuerg) war mat engem Stand vertrueden an huet nieft der Campagne „Ouni Pestiziden“ nach weider Projete presentéiert. Fir Kanner gouf e Mol-Atelier organiséiert, bei deem nom Dréchne vum Bild Som vun eenheemesche Blummen dropgepecht goufen, fir se doheem anzeplanzen.

2019
Klimadag
12.11.2019 | VDL
​Den 12. November 2019 huet d'Klimabündnis de fënnefte Klimadag an de Rotonden organiséiert. Um Programm stoungen Infostänn vu Gemengen an ONGen, Konferenzen, Diskussiounen, Filmvirféierungen an d’Plenière vum Klimabündnis mat als Invitéen d’Plaignantë vum Peoples Climate Case. D'EBL (Ëmweltberodung Lëtzebuerg) war mat engem Stand vertrueden, wou verschidde Projete presentéiert goufen.

2018
Birdwatchday
06.10.2018 | Remerschen
D'Campagne 'Ouni Pestiziden' war um Birdwatchday am Biodiversum de 6. Oktober 2018 vertrueden. Vill Visiteuren hu vum schéine Wieder D'Campagne 'Ouni Pestiziden' war de 6. Oktober 2018 um Birdwatchday am Biodiversum vertrueden. Vill Visiteuren hu vum schéine Wieder profitéiert an un den diversen Aktivitéite ronderëm d'Baggerweieren zu Rëmerschen deelgeholl an un de verschiddenen Aktivitéite ronderëm d’Baggerweiere zu Remerschen deelgeholl.

2017
Informatiounsowend
18.05.2017 | Schëffleng
D'Gemeng Schëffleng huet den 18. Mee 2017 op en Informatiounsowend zum Theema "Schaffen ouni Pestiziden" invitéiert. Mataarbechter vun der EBL, de Coordinateur vun der Campagne "Ouni Pestiziden", informéieren iwwert d'Risike vu Pestiziden a ginn Tipps, fir ouni Pestiziden am Gaart ze schaffen.

2016
Informatiounsowend
08.07.2016 | Noumer
D'Gemeng Noumer huet zesumme mat senger Ëmweltkommissioun op en Informatiounsowend zum Theema Pestiziden invitéiert. Nieft engem Vertrieder vun der ASTA, gouf et nach e Virtrag vun der EBL a vum Naturpark Mëllerdall iwwert d'Campagne an déi ugebueden Hëllefen a Projeten.
_%20Ouni%20Pestiziden_%20Nommer%2008_06_2016.jpg)
Affiliéiert Projeten
Plan Pollinisateur
Wéinst dem alarméierende Réckgang vun der Heefegkeet an der Villfalt vun de Bestäuber-Insekten/Pollinisateuren an Europa a weltwäit kënnegt d'Regierung d'Aféierung vun engem spezifeschen Aktiounsprogramm un, fir d'Schutzmesurë fir bestäubend Insekten op lëtzebuergeschem Territoire ze encouragéieren.
D'Verschwanne vu Bestäuber/Pollinisateuren ass en destruktiivt Phenomeen fir eis Liewensmëttelsécherheet wéi och fir d'Erhale vun eisen natierlechen Ekosystemer, a muss gestoppt ginn. Wéinst de villfältegen a komplexen Ursaache vum massiven Ausstierwe vun Insekte kann den nationalen Aktiounsplang nëmmen d'Resultat vun engem ëmfaassenden Dialog sinn. Den Aktiounsplang wäert sech haaptsächlech op d'Ëmsetzung vu konkreete Mesuren a verschidden Aktiounsberäicher konzentréieren, ë. a. landwirtschaftlech Ëmwelt, stättesch Ëmwelt, Pestiziden an aner Schiedstoffer, Ëmweltverschmotzung, Luucht, Klimawandel, Krankheeten an invasiv gebittsfriem Aarten.
​
Follgend dräi Piliere sinn ervirzehiewen:
-
Mesurë fir d'Verbesserung vun eisem Wëssen iwwert Bestäuber an d'Bestäubungsleeschtung zu Lëtzebuerg;
-
Konkreet a praktesch Mesuren, fir d'Haaptursaache vum Stierwe vun Insekten ze bekämpfen a fir d'Verbesserung vun hire Liewenskonditiounen zu Lëtzebuerg;
-
Mesurë fir d'Bewosstsinnsbildung ze begleeden, d'Gesellschaft anzebezéien a fir d'Fërderung vun der Zesummenaarbecht tëschent de bedeelegten Acteuren.







.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)


.jpg)
.png)

















