Iwwert eis
Säit gutt 15 Joer setzt sech d'Aktioun "Ouni Pestiziden" dofir an, dass keng Pestizide méi am staatlechen an ëffentleche Raum, sou wéi vu private Stéit an an der Landwirtschaft benotzt ginn. De Gros vun eiser Aarbecht besteet doran, ëffentlech Autoritéiten a politesch Responsabel, Planifikatiounsbüroen, Gäertner- a Paysagistebetriber, BiergerInnen an aner Acteuren, déi direkt oder indirekt mat Pestiziden ze dinn hunn, ze sensibiliséieren an hinnen eng professionell Ënnerstëtzung unzebidden. D'Campagne setzt sech fir eng besser Liewensqualitéit a fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an. Zu de Partner an Ënnerstëtzer vun der Campagne zielen esouwuel Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen, wéi och privatwirtschaftlech Betriber, ëffentlech Administratiounen, Ministèren an Naturparken. Hei fannt Dir e kuerzen Iwwerbléck iwwert d'Geschicht vun der Campagne an déi gréisst Meilesteng:
2013
2014
2015
2016
2007
2008
2010
2011
2012
Éischt Analys vum Asaz vu Pestizide bei Gemengen duerch d'Waasserhaus Attert souwéi Ausschaffe vu Flyeren an enger Virversioun vum aktuelle Logo
Aus dem Ufanksprojet gëtt eng Campagne an et ginn éischt gemeinsam Entrevuen tëschent dem Waasserhaus, Natur&Ëmwelt, SDK, SICONA an EBL. Eenzel Acteuren organiséiere Seminairen oder Workshoppen.
D'Joer vun der Biodiversitéit. Dëst Theema gëtt genotzt, fir d'Campagne eng éischte Kéier op nationalem Niveau bekannt ze maachen. Et gëtt e ganzen Aktiounsprogramm op d'Bee gestallt an d'Campagne mécht eng éischte Kéier bei der "Woch ouni Pestiziden" mat. De Logo gëtt iwwerschafft an ass bis haut den offiziellen Emblème vun der Campagne. Eng éischt Versioun vun der Deklaratioun "Gemengen a Schoulen ouni Pestiziden an Herbiziden" gëtt vun der Aktioun NOGM (Lëtzebuerg ouni OGM - koordinéiert vu Greenpeace) un d'Gemenge geschéckt.
D'EBL gëtt als Coordinateur bestätegt. Déi Biologesch Statioune ginn an d'Campagne integréiert. Och den Naturmusée an d'Partnerschaft Syr trieden der Campagne bäi. Et ginn éischt Kontakter mam Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland e.V. (BUND) a mam OAI geknëppt. De "Wëllblummesom-Projet" gëtt Deel vun der Campagne.
​
Stand vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen Enn 2011:
• 2 Gemenge mat 100% Verzicht
• 20 weider Gemenge mat Reduzéierung a politescher Absichtserklärung
• 19 Gemenge mat liichter Reduzéierung ouni politesch Deliberatioun
D'Campagne kritt e méi formelle Kader mat engem Partnerschaftsofkommes.
​
D'Theemen „Neonikotinoiden“ a „systemesch wierkend Pestiziden“ gi vun der Campagne opgegraff a mat diversen Aktiounen behandelt, fir d'Leit a virun allem d'Baueren ze sensibiliséieren. D'Campagne schéckt e Vertrieder a verschidde Gremie vun NOGM, Meng Landwirtschaft a SEED. Bréif un de Minister zu der EU-Direktiv 2009/128/CE mam Virschlag um nationale Pestiziden-Aktiounsplang matzeschaffen.
​
Stand vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen Enn 2012:
• 11 Gemenge mat 100% Verzicht
• 19 Gemenge mat Reduzéierung a politescher Absichtserklärung
• 33 Gemenge mat liichter Reduzéierung ouni politesch Deliberatioun
Partnerschaftsofkommes trëtt a Kraaft. Publikatioun vu Merkblätter mat "Good practices" fir Gemengen. Grouss Ëffentlechkeetscampagne iwwer dat ganzt Joer. Ausschaffe vun engem Gesetzesvirschlag iwwert den Asaz vu Pestiziden op ëffentleche Flächen.
​
Stand vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen Enn 2013:
• 17 Gemenge mat 100% Verzicht.
• 24 Gemenge mat Reduzéierung a politescher Absichtserklärung
• 28 Gemenge mat liichter Reduzéierung ouni politesch Deliberatioun
Aféierung vu 4 internen Aarbechtsgruppen „Ëffentlechkeetsaarbecht“, „Gesetzgeebung“, „Regiosaatgut“ a „Flächenentretien“. Bis Mäerz 2014 hu follgend Partner d'Partnerschaftsofkommes ënnerschriwwen: EBL, MDDI, AGE, ANF, natur&ëmwelt, Waasserhaus Attert, NP Öewersauer, NP Our, SDK, Ligue CTF, SICONA Centre, SICONA Ouest, FUAL. 1. groussen Demo-Day mat Virträg vun Experten an Demonstratiounen an Expo duerch Hiersteller vun Apparater fir e pestizidfräie Flächenentretien.
​
Ausschaffe vun enger grousser Ausstellung zum Theema Pestiziden.
​
Stand vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen Enn 2014:
• 24 Gemenge mat 100% Verzicht.
• 21 Gemenge mat Reduzéierung a politescher Absichtserklärung
• 27 Gemenge mat liichter Reduzéierung ouni politesch Deliberatioun
D'Campagne kritt eng Auszeechnung beim Präis vun der Natur 2014!!! Start vum Projet "Pestizidfräi Zierplanzen" duerch d'Aarbechtsgrupp "Regiosaatgut". Seminaire "Alternativen zum Asaz vu Pestiziden" um INAP.
​
Stand vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen Enn 2015:
• 42 Gemenge mat 100% Verzicht
• 22 Gemenge mat Reduzéierung a politescher Absichtserklärung
• 22 Gemenge mat liichter Reduzéierung ouni politesch Deliberatioun
Dat neit Planzeschutzmëttelgesetz trëtt a Kraaft a verbitt den Asaz vu Pestiziden op ëffentleche Flächen ab dem 1. Januar 2016: e Matverdéngscht a groussen Erfolleg vun der Campagne. De Fokus läit ab elo op der Ënnerstëtzung vun de Gemenge bei der Ëmstellung op alternativ Methoden, mat ë. a. der Organisatioun vum 2. groussen Demo-Day iwwer alternativ Methode fir de Flächenentretien. Tour duerch d'Gemenge mat ville Virträg zum Theema „Schaffen ouni Pestiziden“. Partnerschaftsofkommes: SEED trëtt der Campagne bäi. Et gëtt eng Muster-Deliberatioun fir Gemengen ausgeschafft zum Theema „Pestizidfräi Blummen“. Kooperatioun mam INDR – Integratioun vu Krittäre vun der Campagne beim RSE-Label.
2017
Weiderféierung vun der Sensibiliséierungs-Tour duerch d'Gemengen. Bréif un de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen am Virfeld vun der Ofstëmmung op EU-Niveau iwwert eng Verschäerfung vun der Zouloossung vu Glyphosat an ëffentlech Stellungnam no der gescheiterter Ofstëmmung. Kooperatioun mat BeeTogether fir de Schutz vu Pollinisateuren.
2018
Infostand op diverse Fester a Veranstaltungen a Weiderféierung vum Rondgang an de Gemengen. Éischt Tester am Labo vu pestizidfräie Blummen. Partnerschaftsofkommes: Syndicat des Eaux du Sud (SES) an LTA Ettelbrück trieden der Campagne bäi.
2019
Publikatioun vun engem Praxisratgeber fir Gemengen „Uleeë vun naturnoe Gréngflächen am Siidlungsberäich“ a vun enger „Gebrauchsanweisung Wëllblummewiss“. Start vu Wëllblummesom-Mëschunge mat ugepassten Aarte fir Lëtzebuerg a Publikatioun vun der Broschür „Problemplanzen an der Wëllblummewiss“. Partnerschaftsofkommes: D'AEV trëtt der Campagne bäi.
2020
Bréif un d'Ministesch a Bezuch op d'Desinfektioun vum ëffentleche Raum an dem Stadmiwwel am Kader vun der Bekämpfung vun der Corona-Pandemie. Ëffentlechkeetsaarbecht zum Theema Desinfizéierung, Bakteriziden, Viruziden an aner Bioziden.
2021
10. Editioun vun der "Woch ouni Pestiziden" zu Lëtzebuerg mat Publikatioun vun eenzelne Tutorials iwwert pestizidfräit Schaffen. Nei Oplo vun der Testrei vum Projet „pestizidfräi Blummen“ an de Gemengen.
2022
Reorganisatioun vun der Campagne. Relancement vun de Pläng a grousser Grupp mat neien Acteuren. Erstelle vun 2 groussen Aarbechtsgruppen „naturnoe Gaart“ a „pestizidfräi Staudeproduktioun“. Vereenzelt Ëffentlechkeetsaarbecht.
2023
Reegelméisseg Treffe vun den zwee Aarbechtsgruppe „naturnoe Gaart“ a „pestizidfräi Staudeproduktioun“. Vereenzelt Ëffentlechkeetsaarbecht.
2024
Reegelméisseg Treffe vun den zwee Aarbechtsgruppe „naturnoe Gaart“ a „pestizidfräi Staudeproduktioun“. Vereenzelt Ëffentlechkeetsaarbecht.
​
D'Campagne huet een oppene Bréif un d'Regierung verfaasst wou si d'Entscheedung vun der Zouloossung vum Wierkstoff Glyphosat fir weider 10 Joer an der europäescher Union bedauert hunn, an d'Lëtzebuergesch Regierung opfuerdere keng Méien ze scheien, fir den Asaz vu Glyphosat an aner syntheetesch Pestiziden sou wäit wéi méiglech anzeschränken.
