
Gewënnspill 2025
Ob begeeschtert*e Wanderer*in, Naturschützer*in oder Gaardenamateur*in – d’Natur läit eis alleguer um Häerzen! Si ass ee Wonnerwierk vun der Vilfalt, an dem mir nëmmen ee kléngen Deel ausmaachen. Trotzdeem ass eis Liewensweis zu engem groussen Deel fir den drastesche Réckgang vun der Aartevillfalt verantwortlech – duerch Ausbeutung, Zerstéierung a Verschmotzung vun eiser Ëmwelt. Pestizide sinn ee vu ville Faktoren, déi dëse Réckgang virundreiwen.
Mee wéi vill wësst Dir wierklech iwwer Pestiziden? Wéi ass d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg? A kennt Dir Alternativen?
Test Äert Wësse mat dësem Quiz a gewannt mat e bësse Chance flott Präisser!
Hiweis zum Gewënnspill:
Mam Deelhuelen um Quiz erkläert Dir Iech domadder averstan, dat d’Campagne Ouni Pestiziden Är Kontaktdaten (Numm/Email) nëmmen am Kader vum Gewënnspill notzen däerf. Nom Ofschloss vum Gewënnspill erhaalt Dir eng Email vu life@ounipestiziden.lu mat de Léisungen an der Notifikatioun ob Dir zu de Gewënner zielt.
Är Kontaktdate ginn net fir Reklammzwecker genotzt nach ginn se weiderginn.
