Semaine sans pesticides
2025
Dëst Joer huet sech d’Campagne eppes Besonnesches afale gelooss: e Gewënnspill!
D’Participanten hu misse spannend Froen iwwert d’Thema Pestiziden beäntwerten a konnte flott Präisser gewannen, déi vun de ville Partner vun der Campagne gesponsert goufen.
Matmaache konnt een online oder op der Plaz, op der Saatgutbörse zu Beetfort oder um „Maart um Haff“ um Misärshaff.
Am Ganze hu méi wéi 90 Leit um Gewënnspill deelgeholl – e richtege Succès!
2024
Dëst Joer huet d’Campagne „Ouni Pestiziden“ sech wärend der internationaler „Pesticide Action Week“ dat meescht benotzte Pestizid Glyphosat virgeholl. De 16. November 2023 gouf beim Vott iwwer e Verbuet vum Glyphosat am Europäesche Parlament keng Majoritéit erreecht, an domat bleift dëst ëmstriddent Pestizid fir weider 10 Joer an der EU zougelooss. D’Campagne bedauert dës Decisioun déif a huet drop hin en oppene Bréif un d’Madamm Martine Hansen, Landwirtschaftsministesch, verfaasst (ze fannen an der Rubrik „Nëtzleches“). An dësem Schreiwes erënnert d’Campagne d’Regierung un hir Verflichtungen am Koalitiounsvertrag 2023-2028, wat d’nohalteg Notzung vu Phytosanitäre Produkter an d’progressiv Eliminéierung vum Glyphosat ugeet.
2018
Am Kader vun der 'semaine sans pesticides' war d'Campagne "Ouni Pestiziden" den 18. Mäerz 2018 um "Waasserfest" mat engem Stand vertrueden. Do hu mir iwwert landwirtschaftlech Alternativen am Waasserschutzgebitt informéiert, sou wéi iwwert Blummen ouni Pestiziden a Bioziden am Haushalt. Miscanthus.lu an SES waren als Partner mat um Stand vertrueden. Um Stand konnten d'Visiteure Produite fannen, déi aus landwirtschaftlecher Kultur a Waasserschutzgebidder produzéiert goufen: Ramborn-Cider aus Bongerten, Fluesssomueleg vun de Robinau-Fluesskulturen, Miscanthus-Mulch an Hanf-Isoléiermatten.


2025
Dëst Joer huet sech d’Campagne eppes Besonnesches afale gelooss: e Gewënnspill!
D’Participanten hu misse spannend Froen iwwert d’Thema Pestiziden beäntwerten a konnte flott Präisser gewannen, déi vun de ville Partner vun der Campagne gesponsert goufen.
Matmaache konnt een online oder op der Plaz, op der Saatgutbörse zu Beetfort oder um „Maart um Haff“ um Misärshaff.
Am Ganze hu méi wéi 90 Leit um Gewënnspill deelgeholl – e richtege Succès!


2023
Dëst Joer huet d’Campagne „Ouni Pestiziden“ sech wärend der internationaler „Pesticide Action Week“ dat meescht benotzte Pestizid Glyphosat virgeholl. De 16. November 2023 gouf beim Vott iwwer e Verbuet vum Glyphosat am Europäesche Parlament keng Majoritéit erreecht, an domat bleift dëst ëmstriddent Pestizid fir weider 10 Joer an der EU zougelooss. D’Campagne bedauert dës Decisioun déif a huet drop hin en oppene Bréif un d’Madamm Martine Hansen, Landwirtschaftsministesch, verfaasst (ze fannen an der Rubrik „Nëtzleches“). An dësem Schreiwes erënnert d’Campagne d’Regierung un hir Verflichtungen am Koalitiounsvertrag 2023-2028, wat d’nohalteg Notzung vu Phytosanitäre Produkter an d’progressiv Eliminéierung vum Glyphosat ugeet.



2021
Am Kader vun der internationaler 'Woch Ouni Pestiziden' vum 20. bis den 30. Mäerz gouf all Dag eppes Neits op Facebook gepost: Tutorials zu den Alternativen zu Pestiziden am Alldag an aner flott Aktiounen.
2019
Dës Joer wo d'Thema 'Pestiziden a Biodiversitéit'. Fir och d'Kanner op dat Thema Pestiziden a Biodiversitéit ze sensibiliséieren, a fir Schoulen an aner edukative Strukturen eng Geleeënheet ze ginn dës Thema ze erklären, gouf ee Kreative Concours zum Thema ‘Biodiversitéit bei ons doheem’ fir Kanner am Grondschoulalter organiséiert.


2017
Samschdeg, de 25. Mäerz 2017 huet zu Jonglënster den Dag "ouni Pestiziden" stattfonnt, organiséiert vun der Gemeng Jonglënster a senger Natur- an Ëmweltkommissioun an an Zesummenaarbecht mat der Campagne "Ouni Pestiziden". A Presenz vun der Ëmweltministesch, Madamm Carole Dieschbourg, ass den Dag moies fréi mat enger Konferenz zum Theema Pestizide feierlech lassgaangen. Duerno konnte sech d'Visiteure bei guddem Wieder bei de verschidden Informatiounsstänn iwwert déi lafend Projeten, Aktiounen, Partnerorganisatioune vun der Campagne oder einfach iwwert Pestiziden an Alternativen dozou informéieren.


Dank dem Super Spill Mobil an engem Facepainting koumen och d'Kanner op hir Käschten. Donieft gouf et flott edukativ Workshoppen zu ekologeschem Gäertneren, zu der Zoubereedung vu gesonde Smoothien oder zu der Uwendung vun Heelkraider. Bei engem Showcooking konnten d'Visiteuren och lecker vegetaresch Plate schmaachen oder sech um lokale Maart, dee gläichzäiteg stattfonnt huet, mat frësche Liewensmëttele versuergen. Schonn e Freideg hat de belsche Kënschtler an Ëmweltexpert, Fred Jomaux, op säin net ganz alldeeglecht Theaterstéck "Graines de voyous" an de Centre culturel Jonglënster invitéiert an op seng eegen, humorvoll Aart a Weis seng Siicht vun de Pestiziden duergestallt. Alles an allem eng gelongen Haaptveranstaltung am Kader vun der internationaler "Woch ouni Pestiziden", déi all Joer an 30 Länner d'BiergerInnen iwwert Sprëtzmëttel informéiert.


2016
Vum 20. bis den 30. Mäerz huet schonn déi siwent Editioun vun der "semaine sans pesticides" stattfonnt. Wéi ëmmer huet eng Pressekonferenz den Optakt vun der Woch gemaach. Den Organisateur war dëst Joer d'Gemeng Betzder, déi säit 2007 keng Pestizide méi benotzt an och déi éischt lëtzebuergesch Gemeng war, déi dës Moossnamen ëmgesat huet. Et soll och schonn um Ufank vun der Produktiounsketten op Pestizide verzicht ginn. Et wäerte geschwënn och Blummen a Planzen am Eenzelhandel ugebuede ginn, déi ouni Pestizide geziicht goufen. Mat "eegenhänneger" Ënnerstëtzung vun der Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, goufen zesumme mat den offizielle Produzenten déi éischt pestizidfräi Planze geplanzt.



Aktiounsplang-semaines sans pesticides 2016 (pdf)
Pressedossier-semaines sans pesticides 2016 (pdf)
Communiqué de presse-semaines sans pesticides 2016 (pdf)
2015
Déi sechst Editioun vun der "Semaine sans pesticides" gouf dëst Joer mat enger Pressekonferenz am Gaart vun der Stad Lëtzebuerg agelaut. D'Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet d'Planzeschëltercher virgestallt, déi zesumme mam Ministère ausgeschafft goufen.


Aktiounsplang-ohne Pestizide 2015 (pdf)
Pressemappe-semaines sans pesticides 2015 (pdf)
Communiqué de presse-semaine sans pesticides 2015 (pdf)
