top of page
Pestizide (5).png

Mäin naturnoe Gaart

Den naturnoe Gaart orientéiert sech un de Virbiller vun der Natur; Wëllblumme gi gefërdert, Bäikraut gëtt toleréiert. D'Diversitéit u Planzen, Déieren an Insekten ass grouss, well de Gaart verschidde Liewensraim, Fudderquellen a Schauteng bitt.

D'Ausgesi vum Gaart verännert sech ganz natierlech mat de Joreszäiten.

Wann d'Gestaltung bis fäerdeg ass, reduzéiert sech d’Fleeg op e puer Handgrëffer an et brauch een net vill Geschier.

Och wann den naturnoe Gaart villäicht net esou faarweg ass, ass en net manner villfälteg. Déi vill Planze verbesseren d'Loftqualitéit a reguléieren de Klima op der Plaz. Den naturnoe Gaart ass domat e Plus fir de Mënsch, d'Déieren an d'Ëmwelt.

Infographik-Lebensqualität im naturnahen Garten (pdf)

naturnaher Garten 3.jpg

Einheimesch Stauden, Hecken a Beem

​

Dës Planze ginn eemol geplanzt a bléien all Joer op en Neits. Se bidde Fudderquellen a Liewensraim fir Déieren an Insekten. Et geet duer d'Planzen am spéiden Hierscht oder Fréijoer zeréckzeschneiden, fir se ze fleegen.

Wildblumenwiese AdobeStock_215670306.jpg

Kraiderwues a

Blummewisen

 

Se bidden de Beien, Päiperleken an aneren Insekten Narung an en Doheem.

Se sinn einfach ze fleegen, well se nëmme seele geméit ginn. Se mussen net bewässert a gedüngt ginn; et muss kee Moos ewechgemaach ginn.

alternative schoulhaff.jpg

Onversigelt Weeër

a Plazen

​

Permeabel Flächen (Kräsi, Schotter, (Gitter-)Steng, Holzflächen, asw.) loossen d'Reewaasser op der Plaz asickeren. D'Tëscheraim vun de Steng kënnen och begréngt ginn, well wann d'Fläche befuer oder begaange ginn (Autoen oder Foussgänger), bleift d'Gréngs ganz vun eleng kuerz. 

Mauer mat insektefrëndleche Stauden.jpg

Begréngt Maueren a Siichtschutz

​

Kloterplanzen eegene sech perfekt fir d'Vertikalbegréngung (Siichtschutz, Schietplazen an Ofgrenzung vu Beräicher). Dréchemauere bidden e wichtege Liewensraum fir vill Planzen an Déieren.

Image by Tadeusz Lakota

Naschtplazen a

Schauteng

​

Doutholzkéip, „wëll Ecken“ (wou Brennnesselen oder Bäifouss wucheren däerfen) oder en Insektenhotel bidden eng ideal Schauteng fir Déieren an Insekten. Dës reduzéieren op natierlech Aart a Weis d'Schädlingen am Gaart.

mulch-4827133_640.jpg

Moersubstrat 


 

Fir Kraiderbeeter a Blummewisen ass e moere Buedem meeschtens déi bescht an am einfachsten ze fleegen Optioun.

Hei kënnen déi ageplanzt Kraider oder ugeséit Planzemëschunge wuessen ouni ze vill e grousse Konkurrenzdrock duerch närstofflibend Spontanvegetatioun. 

Image by Mitch Fox

Vegetatioun notzen amplaz se ze bekämpfen

​

Eng zoue Vegetatiounsdecken ënnerdréckt de Wuesstum vun onerwënscht Planzen op natierlech Aart a Weis. Fräiraim am Planzebeet kënne mat enger net ze décker Schicht Holzspéin oder Kakaoschuele bedeckt ginn, bis dass d'Planze grouss genuch sinn, fir de Buedem ze bedecken.

Fotolia_33099943_XS (ebl).jpg

Op Chimie verzichten


 

Den naturnoe Gaart brauch keng Pestiziden a keng mineralesch Konschtdüngeren. Duerch d'Diversitéit vun de Planzen an Déieren entsteet en Ëmfeld, dat sech selwer am Gläichgewiicht hält. Wëllkraut, wat dotëscht wiisst, fält hei kaum op a muss net penibel ewechgemaach ginn.

Wéi gëtt eng Blummewiss ugeluecht:

Geseems
Buedembeschafenheet a Plaz
Virum Ausséien
D'Ausséien
Starthëllef
Gedold
Bewässerung
Schleeken
Méien
Fleeg am Joer vum Ausséien
Wanterfudder fir Vigel

Hei kënnt Dir déi uewe genannten Informatiounen als PDF-Datei eroflueden:

Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar

Koordinator vun der Campagne

​

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) a.s.b.l

18D, rue de la Cimenterie

L-1337 Luxembourg 

  • Facebook
  • Instagram
  • Youtube
Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar
bottom of page