top of page

Wat sinn d'Geforen?

Pestizide kommen net nëmmen iwwer d'Liewensmëttelen an de Kierper, mee och iwwer d'Haut an iwwer d'Otemweeër. Bei direktem Kontakt kënnen d'Stoffer iwwer d'Haut, iwwer d'Schläimhait an d'Aen opgeholl ginn. Wann d'Pestizide vaporiséiert ginn, wéi z.B. bei Sprayen, ginn se ageotemt.

Mir konsuméieren all Dag Produiten, déi mat Pestizide behandelt goufen (Uebst, Geméis) oder belaascht sinn (Mëllech, Fleesch, asw.). Eng groussflächeg Analys vun der Europäescher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) huet 2021 erginn, dass bei 12 ënnersichte Liewensmëttelen (Uebst, Geméis, Kären, Déiereproduiten) an 58,1% (8.043) vun den analyséierte Prouwe keng quantifizéierbar Réckstänn fonnt goufen, wat awer net ausschléisst, dass Réckstänn do sinn. An 39,8% (5.507) vun de Prouwe goufe Pestizidréckstänn nogewisen, déi ënnert dem gesetzlech festgeluechte Maximalwäert louchen. An 2,1% (295) vun de Prouwe louchen d'Pestizidréckstänn iwwert dem Maximalwäert.

Am Ganze goufen 190 verschidde Pestizide getest. Och zu Lëtzebuerg ass d'Pestizidbelaaschtung omnipresent. 2021 huet eng Etüd vum Luxembourg Institute of Health (LIH) erginn, dass an Hoerprouwe bis zu 19 verschidde Pestiziden nogewise goufen, déi haaptsächlech indirekt duerch d'Narung absorbéiert goufen.

D'Auswierkunge vu Pestizide weise sech och bei eisen noe Verwandten, de Schimpansen. Eng Etüd aus dem Joer 2022 an Zesummenaarbecht mam LIH (Krief et al., 2022) huet Hoerprouwe vu wëll liewenden an a Gefaangenschaft gehale Schimpanse verglach. Am Ganze goufen 90 verschidden Aarte vu Pestizide festgestallt. An den Hoerprouwe vun der wëller Populatioun goufe 60 Pestiziden nogewisen. Dës Populatioun lieft no bei landwirtschaftlech genotzt Flächen. Mee si ernäre sech nëmme seele vu Mais, betrieden déi landwirtschaftlech Flächen net an drénken och seelen aus no geleeë Flëss. Si huelen d'Pestiziden indirekt duerch hir Narung op. Eng méi al Etüd am selwechten Nationalpark (Krief et al., 2014b, 2015b, 2017) huet Deformatiounen am Gesiicht bei verschidden Individue gewisen, an en Aussetze vum Reproduktiounszyklus bei dräi erwuesse Weibercher, déi op Pestiziden zeréckzeféiere sinn. Esou Verännerunge goufen och bei aner Primatenaarten dokumentéiert.

1
Akut Vergëftung
2
Chronesch Auswierkungen
3
Se si schwéier ofzebauen
4
Se landen an der Narungsketten
5
Se wierken onspezifesch

Pestiziden an Aartestierwen

Pestizide kënnen direkt (Opnam duerch d'Narung) oder indirekt (Pestiziden am Liewensraum) negativ Auswierkungen op d'Aarten hunn. Duerch d'Accumulatioun vu Pestiziden an der Narungskette si virun allem Aarten un der Spëtzt vun der Narungskette betraff (Vigel, Mamendéieren, asw.). Dës Accumulatioun vu Pestiziden iwwer e längeren Zäitraum ka laangfristeg negativ Follge fir verschidden Aarten hunn. Nieft Pathologien, déi zum Doud féiere kënnen, kënne verschidde Gëftstoffer hormonell Stéierunge verursaachen an domat Onfruchtbarkeet oder Sterilitéit bei Aarten ausléisen. Dat ass besonnesch kritesch bei Aarten, déi scho rar sinn.

Net-spezifesch, breetbandeg Pestiziden, déi groussflächeg verdeelt ginn, wierke sech och op ugrenzend natierlech Flächen aus a ginn duerch Wand, Gewässer an Déiere weider verbreet. Bei Insektiziden an Herbizide geet de Bestand un Insekten a Planzen erof, an esou och d'Narungsquell vu villen Aarten. D'Verännerung vun der Vegetatiounsstruktur féiert zu Verännerunge vum natierleche Liewensraum, déi hirersäits Afloss op d'Aartenzesummesetzung hunn.

Insekten
frog-3199601_640_edited_edited.png
Amphibien
Mamendéieren

Illustratioun: Dokumentéiert Auswierkungen vu Pestiziden op d'Wëlldéieren op verschidden Niveaue vun der biologescher Organisatioun an de bekannte (fest Pfeiler) oder bewisen erwaart (gestreckt Pfeiler) Interrelatioune tëscht hinnen. (Kohler, H.-R.; Triebskorn, R. (2013). Wildlife Ecotoxicology of Pesticides: Can We Track Effects to the Population Level and Beyond?. Science, 341(6147), 759–765. doi:10.1126/science.1237591 )

Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar

Koordinator vun der Campagne

​

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) a.s.b.l

18D, rue de la Cimenterie

L-1337 Luxembourg 

  • Facebook
  • Instagram
  • Youtube
Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar
bottom of page