Léisungsusätz
D'Reduzéierung vum Asaz vu Pestiziden an de Gemengen a Stéit ass extreem wichteg, fir d'Auswierkungen op d’Ëmwelt ze minimiséieren an d'Gesondheet vu Mënsch an Natur ze schützen. E méi bewossten Ëmgang mat Pestizide kann dozou bäidroen, d'Belaaschtung fir Ekosystemer ze reduzéieren an déi laangfristeg Nohaltegkeet vu Landwirtschaft a Liewensstil ze fërderen. An dësem Kontext ginn hei verschidde Léisungsusätz virgestallt, déi zum Ëmdenken ureege sollen.
Méi Toleranz an Akzeptanz!
Sidd tolerant géigeniwwer vun alternative Fleegemethoden. Den ëffentlechen Drock ass dacks den Ausléiser dofir, dass méi Pestiziden op kommunale Flächen agesat ginn.
Wann an Ärer Gemeng gréng Stroosseborden, einheimesch Planzen, Wëllkraider oder Mauerfoueplanze sinn, dann ass dat en Zeeche fir e gëftfräien Entretien vun de kommunale Flächen a bedeit, dass sech d'Gemengeverwaltung bewosst fir e gesond Ëmfeld asetzt. D'Gemeng ass net faul, mee gesond.



Schéinheetsidealer änneren!
Flächen, déi net fir déi wirtschaftlech Produktioun genotzt ginn, solle virun allem „propper“, gefleegt a „schéin“ ausgesinn. Allerdéngs ass an dësem Fall „propper“ gläich „gëfteg“. Gréng statt gro ass Liewen a bréngt Ofwiesslung a Faarf an d'Landschaft. Hei bestëmmt eleng dat mënschlecht Schéinheetsempfannen, ob eng Planz oder en Déier zum Problem gëtt. Naturno Schéinheetskonzepter schätzen an toleréiere vill Wëllkraider an Déieren. Et entstinn attraktiv Landschafte mat däitlech manner Schädlingen an Onkraut.
Natierlech Vegetatioun huet hiren eegene Charme a gesäit net forcement onuerdentlech aus.
Och Paweesteng mat Gréngs tëscht de Foue ka gefleegt ausgesinn, wa se heiansdo geméit ginn. Flächendeckend mat Staude beplanzt Blummebeeter sinn e Pleséier fir d'A a reduzéiere gläichzäiteg onerwënscht Grieser.
Alternativen notzen!
Am Gaart, doheem a beim Entretien vu kommunale Fläche kann een den Asaz vu Pestizide grondsätzlech vermeiden. Fir vill Problemer gëtt et en entspriechend Hausmëttel. Wa sech e biologesche Gaart am Gläichgewiicht befënnt, si vill Moossname souwisou onnéideg. Och bei der Fleeg vu kommunale Fläche kënne mechanesch Apparater an den Asaz kommen. Bei der Planifikatioun sollt ee schonn un déi spéider Fleeg denken. D'Konzeptioun bestëmmt den nodréigleche Fleegeopwand.

Konsumverhalen iwwerdenken
Wie sech beim Akafe fir biologesch a regional Produiten entscheet, ësst méi gesond an ënnerstëtzt ausserdeem eng Landwirtschaft, déi op Pestizide verzicht an esou d'Ëmwelt an der Regioun schount. Bei der Planifikatioun vun Infrastrukture sollt ee schonn un de spéideren Entretien denken. Wéi opwändeg d'Fleeg ass, hänkt staark vum Baukonzept of, an dat betrëfft kommunal Flächen, wéi ëffentlech Plazen, Weeër a Parkplazen, wéi och privat Afaarten a Virgäertercher.
Gefor vermeiden!
Falls den Asaz vu Pestiziden noutwendeg ass, sollt een onbedéngt op d'Warnhiweiser uechten, déi op der Verpackung vum Produit sinn. Et muss een och onbedéngt déi adequat Schutzkleedung unhunn (Händschen, Schutzbrëll, Schutzkostüm, ,…).
Pestizide musse richteg gelagert ginn, haaptsächlech fir ze vermeiden, dass Kanner mat de Produiten a Kontakt kommen. Reschtproduiten, also eidel Fläschen, asw. dierfen net an den Offall geheit oder an den Offloss geschott ginn. Dëst schuet Mënschen a belaascht d'Ëmwelt (besonnesch d'Waasserressourcen).


Warnhinweiser beuechten!
R- an S-Sätz („Risiko- a Sécherheetssätz“) si kodifizéiert Warnhiweiser fir d'Charakteriséierung vun de Gefore vu geféierleche Stoffer an doraus hiergestallte geféierlech Produiten. Dës sinn zesumme mat de Geforebezeechnungen an den derzougehéierende Geforesymboler déi wichtegst Hëllefsmëttel fir d'Kennzeechnung vu geféierleche Stoffer.
D'Hiweiser an Informatiounen, déi um Produit stinn, sollen engersäits op eventuell Geforen hiweisen, Sécherheetshiweiser fir d'Handhabung erklären an op méiglech Auswierkungen op d'Ëmwelt opmierksam maachen. Anerersäits erlabe se et dem Keefer awer och, déi potentiell Gefore vun engem Produit anzeschätzen an eventuell e manner toxesche Produit ze kafen oder e Produit ze kafen, deen der Uwendung besser entsprécht.
Dëse Video gouf vun der Campagne "Ouni Pestiziden" an Optrag ginn a ka gär vu Gemengen, Betriber an Interesséierter zu Formatiounszwecker benotzt ginn.

