top of page

Wat si Pestiziden?

"Pestiziden" ass e Sammelbegrëff fir cheemesch Substanzen a Produiten, déi agesat ginn, fir onerwënscht Planzen, Déieren a Pilze lasszeginn. Jee no Uwendungsberäich hunn dës Produite verschidden Nimm:

​

  • Herbizide géint Planzen, déi als "Onkraut" ugesi ginn

  • Insektizide géint Insekten (z.B. Matten, Seejomessen, Mustiken, asw.)

  • Fungizide géint Pilzbefall oder als Schutz géint Schimmel

  • Bakterizide géint Bakteerien (z.B. an Antibiotiquen an Desinfektiounsmëttelen)

  • Rodentizide géint Raten, Mais an aner Nagedéieren, asw.

Meeschtens bestinn dës Produiten aus enger sougenannter aktiver Substanz (den eigentleche Pestizidwierkstoff), souwéi aus Zousazstoffer, fir d'Form ze ginn oder d'Effizienz ze steigeren. Déi aktiv Substanz variéiert jee no Uwendungsberäich. Déi éischt Pestizide waren ofgewandelt Nervegëfter oder militäresch Kampfstoffer, wat d'Gefor verdäitlecht, vun där een ausgeet.

Estimatiounen no sinn an Europa aktuell iwwer 600 aktiv Substanzen erlaabt a komme bei der Hierstellung vu Pestiziden an den Asaz.

​

Wéinst de ville Kombinatiounsméiglechkeeten tëschent den aktive Stoffer an den Zousazstoffer entsti bal 2.500 Produite fir den europäesche Marché. Eleng nëmme fir den net-landwirtschaftleche Gebrauch ginn et ca. 500 Produiten (Quell: INRA). 2016 sinn zu Lëtzebuerg 525 Planzeschutzmëttelen zougelooss (Stand: 21.04.2016).

​

An Europa ginn all Joer 400 Milliounen Tonne cheemesch Substanzen hiergestallt, dorënner och 300.000 Tonne Pestiziden, déi pro Joer benotzt ginn.

Pestiziden am Haushalt 

 

Et geet een dovun aus, dass an den Industrielänner an 82-90% vun de Stéit mindestens 3 Pestizide benotzt ginn: haaptsächlech a Form vun Insektiziden an Herbiziden am Gaart.

Pestiziden bei Staat a Gemengen 

 

Hei goufe Pestiziden agesat, fir ëffentlech Flächen ze fleegen, virun allem u Stroosseborden, Zuchgleisen an op Kierfechter.

Säit dem 1. Januar 2016 ass dat elo verbueden.

Pestiziden an der Landwirtschaft 

 

E groussen Deel vun den agesate Pestizide gi fir d'Produktioun vun eise Liewensmëttele benotzt.

Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar

Koordinator vun der Campagne

​

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) a.s.b.l

18D, rue de la Cimenterie

L-1337 Luxembourg 

  • Facebook
  • Instagram
  • Youtube
Pestiziden Pesticides Biodiversität Biodiversity Pflanzen plantes plants planzen samen somen semences garten garden gaart jar
bottom of page